Nodeems d'Karate-Clibb 55 Joer laang an der FLAM affiliéiert waren, gouf elo decidéiert eng eege Federatioun ze grënnen.

Déi nei gegrënnte Fédératioun Luxembourgeois de Karaté (FLK) huet als Objektiver de Karate-Sport ze propagéieren, souwuel op nationalem, wéi och op internationalem Niveau. Tournoien a Championnater sollen organiséiert ginn an d'Sportler wéi och d'Trainer sollen ausgebilt ginn.

D'FLK ass e Freideg 24. November an der Coque an d'Liewe geruff ginn. 22 Clibb sinn affiliéiert, wouduerch ronn 2.500 Karatekae representéiert ginn.

De Conseil d'Administration stellt sech folgendermoossen zesummen:

Fred CHARLE, President
Misch FEIDT, Vizepresident
Léa SCHIRTZ, Vizepresidentin
Jean-Claude ROOB, Tresorier
Jean-Claude HENRY, Sekretär
Leticia FERREIRA, Eric ALBERT, Luca TOMASI, François BICHEL, Michel DRAGONE an Nicolas WELSCH sinn déi aner Memberen.

Affiliéiert an der FLK si folgend Clibb:

Bëttel, Beetebuerg, Déifferdeng, Dippech, Diddeleng, Esch/Uelzecht, Fréiseng, Garnech, Hesper, Keel, Péiteng, Lëntgen, Lëtzebuerg, Mamer, Monnerech, Nidderaanwen, Recken/Mess, Rouspert, Stroossen, Suessem, Housen a Walfer.