E Samschdeg waren d'Lëtzebuerger Ni Xia Lian a Luka Mladenovic an der Finall vum WTT Feeder Vila Nova de Gaia a Portugal gefuerdert.

Hei huet sech de Lëtzebuerger Duo misse mat 1:3 (-9, 8, -2, -3) an de Sätz géint d'gemëschte Koppel Zhou/He aus China geschloe ginn.

Domadder schléisst den FLTT-Duo den Tournoi am Dubbel mixed op der zweeter Plaz of.