Lëtzebuerger Federatioun feiert 50 Joer mat grousser Ausstellung
An deem Kader kuckt een awer net just zeréck, mä och no Vir op d'Paralympesch Summerspiller dat nächst Joer zu Paräis.
Déi Lëtzebuergesch Federatioun fir de Paralympesche Sport ass 1973 gegrënnt ginn. Fir dëst ze feieren, gouf et eng Ausstellung an der Coque. Hei goufen déi verschiddenst Objeten ausgestallt. Medaile vun den Olympesche Spiller, Akkreditatiounen oder Fotoen... Einfach alles, wat d'Geschicht vum Paralympesche Sport aus Lëtzebuerg representéiert war ze gesinn.
Dëst war awer net den Ufank vum Paralympesche Sport hei zu Lëtzebuerg. Dëse geet zeréck bis nom Zweete Weltkrich, wou déi éischt Athlete gréisstendeels Leit, déi am Krich blesséiert goufen, waren. Hei stoung awer net d'Resultater vum Sport am Vierdergrond. D'Zil war et, sozial Treffen ze hu mat Leit, déi an enger änlecher Situatioun sinn.
Haut ass d'Zil awer mat de Sportler aus dem Ausland matzehalen. Den Niveau ass momentan hei am Land awer nach net héich genuch, fir op engem professionellen Niveau wierklech kompetitiv ze sinn. Hei muss un der Organisatioun mat de Sport Federatiounen zu Lëtzebuerg nach geschafft ginn, fir dat méi Sportaarte kënne behënnerte Léit accessibel gemaach ginn an och den Niveau ze verbesseren.
D'Paralympesch Spiller 2024 zu Paräis sti virun der Dier
D'Federatioun géif sech wënschen, wéinstens zwee Sportler, eng Fra en e Mann, kënnen op Paräis ze schécken. Eng vun der Sportlerinnen, déi hofft zu Paräis nächst Joer un den Depart ze goen, ass d'Katrin Kohl. Déi 27 Joer jonk Sportlerin, déi sech an der Kategorie vum Para Liichtathletik fir den 100 Meter Sprint wëll qualifizéieren, weess awer och, dass dat relativ schwéier wäert ginn.
Och wann den Niveau vun de Lëtzebuerger Sportler am Moment net gutt genuch ass, fir sech fir Paräis ze qualifizéieren, hofft de Marc Schreiner awer op eng sou genannte Wild Card, fir dat Lëtzebuerg awer zu Paräis vertruede ka sinn.