De Philipp Nawrath feiert seng 1. Weltcup-Victoire am Biathlon

© AFP
Am Schisprangen konnte sech iwwerdeems de Stefan Kraft an d'Yuki Ito iwwer Succèsen freeën.
Am Biathlon zu Östersund a Schweden war d'Victoire fir de Philipp Nawrath, deen domat säin éischte Weltcup-Succès feiere kann. Den Däitschen hat ee Virsprong vun 18.70 Sekonnen op den Norweger Tarjei Bø. Komplettéiert gouf de Podium iwwerdeems vum Norweger Vebjørn Sørum. Déi dräi sinn am ganze Sprint iwwer 10 Kilometer ouni Feeler liwwen.
Beim Weltcup-Optakt am Schisprangen zu Lillehammer an Norwegen konnt d'Yuki Ito sech bei den Damme mat engem Sprong iwwer 94 Meter d'Victoire sécheren. Mat 244.60 Punkten hat d'Japanerin domat eng Avance vu knapp 2 Punkten op d'Josephine Pagnier aus Frankräich. D'Kanadierin Alexandria Loutitt huet et iwwerdeems op déi 3. Plaz gepackt.
Bei den Häre konnt den Éisträicher Stefan Kraft iwwerdeems och dat drëtt Schisprangen vun dëser Weltcup-Saison fir sech entscheeden. Komplettéiert gouf de Podium vum Andreas Wellinger aus Däitschland an dem Éisträicher Daniel Tschofenig.
Am Schi Alpin gouf et am kanadeschen Tremblant beim Riseslalom bei den Dammen eng Victoire fir d'Federica Brignone. D'Italienerin war 0,21 Sekonne méi séier wéi d'Slowakin Petra Vlhová op Plaz 2. D'US-Amerikanerin Mikaela Shiffrin huet et iwwerdeems mat engem Retard vu 0,29 Sekonnen och op de Podium gepackt.