91. Victoire fir d'Mikaela Shiffrin

D'Amerikanerin war zu St. Moritz an der Descente net ze schloen. Am Biathlon gouf et déi 1. Victoire an dëser Saison fir de Johannes Thinges Bö.
Schi Alpin
Bei den Dammen ass um Samschdeg de Moien déi éischt Descente an der nach jonker Saison gefuer ginn. Zu St. Moritz gouf et eng Victoire vum Mikaela Shiffrin. Et war déi 91. Kéier dass d'Amerikanerin ganz uewen um Podium stoung. Mat 0,15 Sekonne Retard klasséiert sech d'Italienerin Sofia Goggia op déi 2. Plaz, virun hirer Landsfra Federica Brignone.
D'Häre sinn iwwerdeems zu Val d'Isere e Riseslalom gefuer. Hei gouf et eng Victoire fir den 29 Joer Jonke Marco Odermatt. De Schwäizer hat am Zil e Virsprong vu bal enger Sekonn op den Éisträicher Marco Schwarz. Op déi drëtte Plaz fiert iwwerraschend de Joan Verdu Sanchez aus Andorra. Et ass déi éischte Podiumsplaz a senger Karriär.
Biathlon
Zu Hochfilzen an Éisträich ka sech bei den Dammen an der Poursuite iwwer 10 Kilometer d'Schwedin Elvira Öberg. D'Lena Häcki-Groß ka sech am Schlusssprint géint Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevoldduerchsetzen a fiert op déi 2. Plaz. Domatt feiert d'Schwäizerin hiert beschte Resultat an hirer Karriär. De Podium knapp verpasst huet d'Italienerin Lisa Vittozzi.
Bei den Häre gouf et iwwer 12,5 Kilometer déi 1. Victoire an dëser Saison fir den Norweger Johannes Thinges Bö. Bis dato stoung de Bö an desem Wanter réischt e mol um Podium. Alles an allem hunn d'Norweger Poursuite dominéiert. Hannert dem Johannes Thinges Bö klasséieren sech mam Johannes Dale-Skjevdal, Tarjei Bö a Sturla Holm Laegreid 3 weider Norweger.
Schisprangen
Beim Weltcup zu Klingenthal huet de Karl Geiger gewonnen. Bis dato huet de Stefan Kraft déi 4 Sprange virdrun alleguerte gewonne gehat. Den Däitsche Karl Geiger huet virun eegenem Publikum zwee super Spreng (144 an 146 Meter) gewisen a gewënnt mat 274.70 Punkten nëmme ganz knapp virum Stefan Kraft (273.50 Punkten). Op déi drëtte Plaz flitt de Japaner Ryoyu Kobayashi.