Och zu Lëtzebuerg ginn et eng ganz Partie Squash-Veräiner, dorënner och den Top Squash vu Sandweiler.

En Vue vun Olympia 2028 probéiert een zu Sandweiler, de Sport méi populär a méi attraktiv fir de breede Public ze maachen.

E Samschdeg de Mëtteg gouf et en éischte Squash-Match vun zwou Perséinlechkeeten aus der Sportswelt. Top Squash hat den Nascar-Pilot Gil Linster an de fréiere Rugby-Spiller Scott Browne dofir invitéiert.

«D’Iddi ass natierlech, de Sport ze promouvéieren. Virun engem Mount ongeféier sim er gewuer ginn, datt Squash olympesch gëtt. Dofir wëll d’Squash-Communitéit de Sport méi grouss maachen», esou den Nathan Sneyd.

Nieft dem Gil Linster an dem Scott Browne, déi sech haut en enke Match geliwwert hunn, sinn awer och fir d’Zukunft schonns weider esou Matcher mat bekannte Lëtzebuerger Sportler geplangt.

«Et gëtt haaptsdächlech ee Match, op deen ech mech richteg freeën. De Chris Leescht géint de Julien Henx. Ma och de Flavio Giannotte soll e Match spillen an natierlech wëlle mer och Dammen hunn an do ass d’Amy Thompson, déi intresséiert ass matzespillen »

All dëst ass geduecht, fir de Sport, deen zu Lëtzebuerg wuel beléift, awer nach net richteg grouss ass, ze promouvéieren

«Datt mer dës Perséinlechkeeten hunn, déi heihinner kommen, fir esou e klenge Match ze spillen, zitt Leit un a weist, datt Squash e gudde Sport ass fir ze spillen an datt ebe jiddereen et spille kann. Gläichzäiteg kucke mer awer och no neie jonke Spiller, fir an Zukunft villäicht bei Olympia dobäi ze sinn. Et ass e gudden éischte Schratt»

Top Squash spillt esouwuel am Lëtzebuerger Championnat wéi och an der däitscher Regionalliga. Haut de Mëtteg nom « Promi-Match» krut de Lëtzebuerger Veräin et mat Mainz a Rhein Neckar ze dinn. An der däitscher Regionalliga steet de Lëtzebuerger Veräin op der 1. Tabelleplaz an dat mat enger ganz jonker Ekipp.

«Alle 4 si se Jugendspiller, deen eelsten huet der wuel 30, mee déi aner sinn tëscht 16 an 18 Joer al. Mir sinnn elo Éischten an der Regionalliga an den nächste Schratt ass d’Bundesliga. Mir hunn eng gutt Schoul hei an haten de Moie 50-60 Kanner hei, mir sinn um richtege Wee»

Nieft dem Squash huet d’TM Danzschoul vu Sandweiler d’Spectateuren nach mat flotte Choreographien ënnerhalen. Ob Ballet oder Chrëschtmusek déi jonk Dänzerinnen hunn de Public gutt ënnerhalen.

2028 ass Squash also olympesch an och wann et bis dohinner nach net duergeet, hofft een awer bei enger vun den Editiounen dono e Lëtzebuerger Squash-Spiller dobäi ze hunn.