Walfer klappt Ettelbréck, Conter wënnt zu Bartreng

© Archiv
E Sonndeg war d'Suite vum 12. Spilldag bei den Hären a vum 10. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.
Hären
Bei den Häre wënnt d'Résidence Walfer mat 84:78 zu Ettelbréck an zitt domat mam Konkurrent an der Tabell gläich. D'Gäscht hu sech am zweete Véierel ofgesat a konnte sech e komfortabele Virsprong eraus spillen. Kuerz viru Schluss vun der Partie huet d'Etzella probéiert nach emol fir Spannung ze suergen, mee d'Résidence huet sech net méi aus der Rou brénge gelooss. De Leon Ayers huet e staarke Match gespillt a koum op 38 Punkten, hien huet dobäi seng 14 Fauten eragesat. Ettelbréck huet säi Rhythmus an eegener Hal net wéi gewinnt fonnt, d'Ekipp vum Trainer Gavin Love huet nëmme 7 vun 33 Dräier getraff.
E spannende Match hunn d'Zuschauer zu Bartreng gesinn, wou den AB Conter op Besuch war. D'Sparta hat zwar besser an d'Partie fonnt, mee Conter konnt am zweete Véierel reagéieren, wouduerch et an der Paus 40:41 stoung. Nodeems sech keng Ekipp entscheedend ofsetze konnt, ass d'Entscheedung an de leschte Minutte gefall. Hei waren d'Gäscht vu Conter méi staark a séchere sech eng wichteg 91:82-Victoire. An der Tabell hu béid Ekippe 6 Victoiren um Kont, Conter huet allerdéngs ee Match manner gespillt. D'Sparta hat dat éischt Duell tëschent béiden Ekippen op 9 Punkte gewonn, wouduerch sech keng Ekipp den direkte Vergläich séchere kann. Bei de Gäscht war de Charel Moes mat 21 Punkte beschte Scorer, 4 Spiller hu mindestens 20 Punkte markéiert.
Dammen
Bei den Damme setzt sech d'Sparta Bartreng mat 86:64 géint d'Musel Pikes duerch. D'Gäscht konnte sech am Ufank vum véierte Véierel op e puer Punkten eru kämpfen, mee d'Lokalekipp huet de Match kuerz drop endgülteg fir sech entscheet. Mat 33 Punkte konnt d'Martha Burse an dësem Match iwwerzeegen.