Norwegen am Biathlon net ze bremsen

© AFP
Norwegen gewënnt d'Staffel bei den Hären a bei den Dammen. Am Schisprangen ass de Karl Geiger am wäitste gesprongen.
Schisprangen
De Karl Geiger huet no senger Victoire e Samschdeg och dat zweet Sprangen zu Klingenthal gewonnen. Den Däitschen ass 141 an 141,5 Meter wäit gesprongen a krut um Enn 297,9 Punkte gutt geschriwwen. Zweete gouf de Schwäizer Gregor Deschwanden mat Wäite vun 138 an 146,5 Meter, virun engem weideren Däitschen, dem Andreas Wellinger. De Wellinger an den Deschwanden hunn am zweeten Duerchgang mat jeeweils 146,5 Meter de Schanzenrekord aus dem Joer 2011 egaliséiert. Fir den Deschwanden war et seng éischt Plaz um Podest a senger Karriär.
Biathlon
Beim Weltcup zu Hochfilzen waren d'Dammen aus Norwegen net ze klappen. Bei der Staffel iwwer 6 Kilometer sinn déi véier Leeferinnen no 1:07:39 am Zil ukomm, ouni sech e Schéissfeeler ze leeschten. D'Schweedinnen op Plaz 2 haten 31,6 Sekonne Réckstand. Déi drëtt Plaz goung u Frankräich (+ 1:01), dat sech ee Feelschoss geleescht huet. Méi enk goung et op de Plazen hannendrun zou. Italien setzt sech knapp géint Däitschland duerch.
Bei den Häre gouf et e Sonndeg an der Staffel eng Victoire vum Primus Norwegen viru Frankräich an Däitschland. Norwegen war mat de Gebridder Bö an dem Sturla Holm Laegreid an dem Vetle Sjaastad Christiansen net ze schloen. Ouni Feelschoss haten d'Norweeger 28,7 Sekonnen Avance op déi franséisch Ekipp. Däitschland op Plaz dräi hat souguer iwwer eng Minutt Retard (+ 1:07). Op de weidere Plazen hu sech Italien an d'Ukrain ( placéiert.
Schi Alpin
Am alpinne Schi-Weltcup goufen de Slalom vun den Hären zu Val d'Isère a Frankräich an den zweete Super-G vun de Fraen zu St. Moritz an der Schwäiz wéinst de schlechte Konditioune vun de Pisten ofgesot.