24. Editioun vum Christmas Gym Cup
Bei engem internationalen Turnéier zu Beetebuerg sinn Turnveräiner aus Europa géinteneen ugetrueden.
Dëse Weekend war zu Beetebuerg déi 24. Editioun vum KV Christmas Gym Cup. Hei kommen international Turnveräiner zesumme fir eng lescht Kompetitioun am Joer. E Samschdeg stoung d’ Fraenturnen um Programm an e Sonndeg war et un den Hären. Och déi lëtzebuergesch Nationalekipp war mat dobäi, wou sech e puer fir Europameeschterschafte qualifizéiere konnten.
Am Ganze ware fënnef Länner an de Kategorien Espoires, Jeunes a Men Open vertrueden. D’Lëtzebuerger Nationalekipp huet och mat fënnef Turner un der Kompetitioun deelgeholl. De Quentin Brandenburger war ee vun hinnen. Den 19 Joer jonken Turner huet awer nëmmen um Gerät vun de Reng geturnt, wou hie mat engem Resultat vun 12.433 Punkten den Zweete ginn ass.
De Mathis Kayser war ee vun den zwee lëtzebuergeschen Turner, déi op all de Geräter geturnt hunn. De 17 Joer jonke Sportler konnt sech mat engem finale Score vun 69.817 mat enger zweeter Platz zefridde ginn. Mat deem Resultat huet hie sech dann och fir d'Europameeschterschaften am Abrëll 2024 an Italien qualifizéiert.
Mat engem Grupperesultat vun 206.383 Punkte ka sech déi lëtzebuergesch Nationalekipp déi drëtt Platz sécheren, hannert der belscher Ekipp FFGym CHN Mons 1 (206.934 Punkten) an de Gewënner vun der Männerkategorie, der däitscher Ekipp TG-Saar 1 (208.418 Punkten).