Wéi vill kascht et, wann ee live wëll dobäi sinn?

© AFP
A ronn 6 Méint fänken déi Olympesch Spiller zu Paräis un. Et kann een also dovunner ausgoen, datt och vill Lëtzebuerger wäerte kucke goen.
De Rich Simon ass der Fro nogaangen, wéi vill ee muss bezuelen, wann ee sech een Evenement live wëll ukucken.
D'Olympesch Spiller dierfte wuel ni méi sou no u Lëtzebuerg erukommen, wéi dat de Fall dat nächste Joer ass. Am Februar dëst Joer hat een d'Méiglechkeet, wann ee sech dann ageschriwwen hat, fir an eng grouss Trommel ze kommen, wou déi éischten Tickete verloust goufen. Am Mee war nees esou eng Auslousung an elo Enn des Jores sollten déi leschten Ticketen ze kréie sinn. An där ginn et och nach um offizielle Site. Den Directeur Technique vum COSL, Raymond Conzemius, geet awer dovunner aus, datt een och an Zukunft nach Tickete ka kafen.
"Ech ginn dovunner aus, datt nach eng Vague kënnt vun Eenzelticketen, déi op de Maart kommen, wou d'Präisser definéiert sinn. Datt een do net kann handelen an déi Tickete sinn dann och nominal. Da weess ee ganz genau, wiem een dee weider gëtt. Wat hannert der Hand geschitt; À voir. Ech ginn dovunner aus, datt an den nächste Méint nach Spotten opginn, fir déi Games "Grand Ouvert" ze maachen."
Déi Ticketen, déi een den Ament ze kafe kritt, fänke fir déi Evenementer, déi zu Paräis selwer sinn, an der Reegel bei 100 Euro un. Wann een awer zum Beispill gären ee Futtballmatch op Nice kucke geet, kann een dat scho vu 24 Euro u maachen. Richteg déif an d'Täsch muss ee gräifen, wann ee wëll bei der Cérémonie d'Ouverture dobäi sinn. Aktuell si just Tickete fir 1.600, respektiv 2.700 Euro ze kréien.
Aktuell ass et nach ëmmer esou, datt ee wéinst Aarbechten den TGV réischt zu Thionville, respektiv zu Metz kann huelen. Den Trajet tëscht Lëtzebuerg an deene Stied gëtt duerch Busser assuréiert.