Nei national Rekorder fir de Bob Bertemes an d'Vera Hoffmann

© pressphoto/Roland Miny (Archiv)
An der Coque war um Samschdeg de Regio1-Meeting, den Optakt vun den Indoor-Meetinger. An do gouf et eng Rei vu gudde Performancen.
De Bob Bertemes huet iwwer 5.000 Meter en neien nationale Rekord realiséiert. Hien ass an enger Zäit vu 14 Minutte 27 Sekonnen an 18 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf an huet seng Course gewonnen. Hie war 7 Sekonnen an 2 Honnertstel méi séier wéi bei sengem ale Rekord aus dem Joer 2021. Op d'Plazen 2 an 3 sinn de Charel Weicherding an de Pit Reckinger gelaf.
Iwwer déi selwecht Distanz ass bei den Dammen d'Vera Hoffmann och eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit gelaf. D'Celtic-Athletin ass an enger Zäit vu 15 Minutten 59 Sekonnen a 74 Honnertstel ukomm.
Dem Charline Mathias ass iwwer 600 Meter eng nei national Beschtzäit gelongen. D'Mathias huet d'Course an enger Zäit vun enger Minutt 29 Sekonnen an 58 Honnertstel gewonnen.
Am Jugendberäich gouf et och eng gutt Leeschtung vum Olivier Juncker iwwer 300 Meter. An der U23-Course gouf hien an enger Zäit vu 34 Sekonnen an 21 Honnertstel den Zweeten hannert dem Belsch Lionel Halleux. Fir de Juncker war et en neien nationale Rekord an eng nei Beschtleeschtung bei den U23.