Succès fir de Johannes Thingnes Bö am Biathlon

© FABRICE COFFRINI/AFP
Zu Lenzerheide huet sech de Norweger eng weider Weltcup-Victoire geséchert. Bei den Dammen huet d'Franséisin Justine Braisaz-Bouchet gewonnen.
De Johannes Thingnes Bö huet sech an der Poursuite duerchgesat, obwuel hien dräimol donieft geschoss huet. Op d'Plazen 2 an 3 koumen déi aner Norweger Endre Strömsheim (2 Feeler) mat engem Retard vu ronn 24 Sekonnen a Sturla Holm Laegreid (1 Feeler) mat engem Réckstand vun 29 Sekonnen.
Bei den Damme gouf et eng franséisch Duebelvictoire. Justine Braisaz-Bouchet hat e Virsprong vu 25 Sekonnen op d'Julia Simon. De Podium gouf vum Marit Ishol Skogan komplettéiert. D'Norwegerin hat e Réckstand vun iwwer enger Minutt an 13 Sekonnen op d'Gewënnerin.
Schi Alpin
Den Italieener Dominik Paris huet sech an der Descente zu Gröden d'Victoire geséchert. De Paris hat eng Avance vu 44 Honnertstel op de Norweger Aleksander Aamodt Kilde op der 2. Plaz. Den Amerikaner Bryce Bennett ass 60 Honnertstel hannert dem Paris op der 3. Plaz ukomm.
An der Descente zu Val d'Isère huet d'Schwäizerin Jasmine Flury hiren éischten Erfolleg am Weltcup gefeiert. D'Joana Hählen an d'Cornelia Hütter sinn op de Plazen 2 an 3 mat engem Retard vun 22 respektiv 24 Honnertstel ukomm.
Schisprangen
Den däitsche Pius Paschke huet zu Engelberg och säin éischte Succès am Weltcup gefeiert. Mat 33 Joer ass hien den eelste Schisprénger, dee fir d'éischt e Weltcup gewënnt. De Paschke ass zweemol 135 Meter wäit gesprongen an huet sech virum Norweger Marius Lindvik (138/135,5 Meter) an dem Éisträicher Stefan Kraft (131/132,5 Meter) duerchgesat.
Bei den Dammen huet d'Slowenin Nika Prevc gewonnen. Op d'Plazen 2 an 3 sinn d'Ema Klinec och aus Slowenien an d'Erin Maria Kvandal aus Norwegen gesprongen.