Patrizia van der Weken a Charel Grethen fir hir Leeschtunge geéiert
Bei den FLA Awards sinn déi bescht Liichtathletinnen a Liichtathlete vum Joer geéiert ginn.
Vun de ronn 300 Invitéë gouf praktesch jiddereen e Freideg geéiert, mat Ausnam vun den Elteren, déi och eng Medaile verdéngt hätten, fir d'Ënnerstëtzung vun hire Kanner bei sportlechen Aktivitéiten.
Moderéiert goufen d'FLA Awards vum Vera Hoffmann, der Vizestudentesweltmeeschterin. D'Spëtzesportler a Sportlerinnen hunn de jonken Athleten e puer gutt Rotschléi mat op de Wee ginn.
D'Kiischt um Kuch war natierlech d'Wal vun der beschter Liichtathletin respektiv dem beschte Liichtathlet vum Joer. An do huet sech d'Patrizia Van der Weken duerchgesat. D'Sportlerin vum Joer ass Studenteweltmeeschterin, aktuell Nummer 6 an der europäescher Ranglëscht op den 100 Meter a scho qualifizéiert fir d'Olympesch Spiller zu Paräis. Trotz all deenen Éierunge kënnt den Training net ze kuerz.
Den Titel vum beschte Liichtathlet vum Joer goung un de Charel Grethen. Bei der Indoor-Europameeschterschaft gouf de Grethen de 5.. Hie war och an der Halleffinall op der Weltmeeschterschaft. Zum Schluss vun der Saison huet hien 3 national Rekorder am Zäitraum vu 4 Deeg realiséiert.
Fir de Grethen steet um Sonndeg eng Course iwwer 10 Kilometer bei Paräis um Programm an da fänkt Enn Januar fir hien d'Saison an Amerika un. D'Patrizia van der Weken hëlt un e puer Indoorsmeetinger an der Coque deel. Et steet jiddefalls e spannend olympesch Joer virun der Dir.