Marco Odermatt dominéiert am Riseslalom och zu Alta Badia

© AFP
De Schwäizer ka sech am zweete Riseslalom vun der Saison seng zweete Victoire sécheren. Saisoniwwergräifend war et souguer seng 5. Victoire noeneen.
Schi Alpin
De Weltmeeschter Marco Odermatt ass am Riiseslalom aktuell net ze schloen. De Schwäizer ka sech zu Alta Badia an Italien mat enger Zäit vun 1:14:83 d'Victoire virum Filip Zubcic (+0.31 Sekonnen) sécheren. Op déi drëtte Plaz fiert den Éisträicher Marco Schwarz.
Bei den Dammen huet d'Italienerin Ferica Brigone aus Italien de Super G zu Val d‘Isère a Frankräich gewonnen. Op déi zweete Plaz fiert mat engem Réckstand vun 0.44 Sekonnen d'Norwegerin Kajsa Vickhoff. Déi drëtte Plaz war fir d'Sofia Goggia (+0.59 Sekonnen), och aus Italien.
Biathlon
Am Biathlon gouf et bei den Dammen en Triplé fir d'Justine Braisaz-Bouchet aus Frankräich. Beim Massestart um Sonndeg de Metteg war déi 27- jonk d'Biathletin um Schéissstand ouni Feeler a gewënnt domat virun den Öberg-Schwësteren Elvira an Hanna. Et war déi drëtt Eenzelcourse zu Lenzerheide déi d'Justine Braisaz-Bouchet fir sech entscheede konnt.
Bei den Hären hunn d'Norweger de Massestart dominéiert. No 15 Kilometer ka sech de Johannen Thingnes Boe trotz 2 Schéissfeeler d'Victoire sécheren. Et ass déi drëtte Kéier an dëser Saison dass de Johannes Thingnes Boe ganz uewen um Podium steet. Den Tarjei Boe huet beim leschte Schéissen a Féierung säi leschte Schoss dolaanscht gesat, an esou d'Victoire aus der Hand ginn. Hie klasséiert sech um Enn op der 3. Plaz, hannert sengem Landsmann Dale-Skjevdal. Op déi 4. Plaz fiert de Schwed Martin Ponsiluoma.
Schisprangen
De Stefan Kraft huet Generalprouw virun der Véier-Schanzen-Tournée zu Engelberg an der Schwäiz gewonnen. Den Äsiträicher ka sech viru sengem Landsmann Jan Hörl an dem Däitsche Pius Paschke duerchsetzen.