Äishockey
Auswäerts-Victoire fir den Tornado

© Val Wagner (Archiv)
Et kann e sech auswäerts mat 4:3 géint Evry duerchsetzen.
Am Äishockey gouf et an der drëtter Divisioun a Frankräich fir den Tornado an der leschter Partie virun der Chrëschtvakanz eng 4:3-Victoire géint den direkte Verfolger Evry. No 10 Spilldeeg stinn d‘Lëtzebuerger mat 21 Punkten op der zweeter Plaz an der Tabell, 3 Punkten hannert dem Leader Chalon, an 3 Punkte virun Evry.
An der drëtter franséischer Divisioun huet den Tornado elo bis den 20. Januar Paus. Den nächste Match ass da géint Champigny.
Am meeschte gelies