Et war déi 1. Editioun. Am ganzen hu 440 Schwëmmer aus 5 verschidde Länner deel geholl.

Kuerz viru Chrëschtdag war dëse Weekend an der Schwämm um Geesseknäppchen eng méi lass. Et war déi éischten Editioun vum Christmas-Cup, dee vum Schwammveräi vu Wolz organiséiert gouf. Dëst war dann och den Depart fir Kompetitioun Saison am grousse 50 Meter Basseng hei am Land.

Wat speziell un dëser Kompetitioun ass, ass dat et keng Zäite Limitt gëtt fir kënnen un der Kompetitioun deel ze huelen, esou dat jiddereen dee well mat maache kann. Esou eng Kompetitioun am grousse Basseng, gëtt et hei am Land sos net, esou den Organisateur Cyril Servais.

Och Schwëmmer aus der Nationalekipp si de Weekend mat geschwommen. Esou ass den Anton Fedoseev bei 5 verschiddenen Kompetitiounen un de Start gaangen an ass an allkéiers a senger Alterskategorie ënnert déi 3 éischt koum.

Den Organisateur hätt näischt  dogéint wann de Rendezvous an der Schwämm vum Geesseknäppchen Enn des Joers an den nächste Saisone géif widderholl géif ginn.