Am Weltgrupp 1 gouf et um éischten Dag zu Santiago de Chile zwou Néierlagen. E Sonndeg Owend sinn déi nächst 3 Partien.

Um éischte Spilldag an der World Group 1 am Davis Cup am Chile huet sech d'Lëtzebuerger Davis Cup Team mussen a béiden Eenzel geschloe ginn. Den Aaron Gil Garcia huet an engem intensive Match iwwer dräi Sätz gekämpft, mee war um Enn mat 2:6, 7:6, 2:6 dem Christian Garin, Nummer 124 am ATP-Ranking, ënnerleeën.

De Kapitän vun der Davis Cup Ekipp Gilles Muller nom Match:

Gilles Muller iwwer Match Aaron Gil vs Garcia

“En huet e gudde Match gemaach, vläicht am Ufank eng Grëtz nervös, eng Grëtz e bësse crispéiert, wat awer total normal war. Dunn huet e richteg gutt an de Match era fonnt, 2. Saz gewonnen, och den 3. Saz, do huet him da vläicht e bëssen d’Erfarung gefeelt, an deene puer wichtege Momenter huet e vläicht e bëssen ze séier gespillt, vläicht ze séier de Punkt, de Winner gesicht, onnéideg Feeler gemaach, mee am Grousse Ganze wierklech eng ganz positiv Prestatioun vum Aaron géint de Garin. En ass definitiv elo an der Ekipp ukomm.”

Duerno ass den Alex Knaff géint den erfuerene Chilenen Tomas Barrios Vera ugetrueden. Trotz gudde Momenter um Terrain konnt hien de Match net dréinen an huet mat 1:6, 2:6 verluer. Domadder läit Lëtzebuerg nom éischten Dag mat 0:2 hannen.

Dem Gilles Muller seng Reaktioun op déi zweet Partie:

Gilles Muller iwwer Match Alex Knaff

“Beim Alex war et e bëssen de Contraire, schlecht an de Match era fonnt an ni wierklech de Wee fonnt, de Rhythmus fonnt. En huet géint e Géigner gespillt, deen och ganz desagreabel war, ganz vill Drock gemaach huet op der Grondlinn. Den Alex war relativ schnell ëmmer an der Defense, ëmmer hannen op den Talleken, hannert der Grondlinn.”

Och wann d’Resultater net zu Gonschte vu Lëtzebuerg ausgefall sinn, hunn d’FLT-Spiller hiert Bescht ginn a wichteg Erfarung gesammelt géint eng staark chileenesch Ekipp. Um Sonndeg geet et um 16 Auer Lokalzäit (21 Auer Lëtzebuerger Zäit) weider mam Dubbel vum Alex Knaff an dem Raphael Calzi géint den Duo Matias Soto/Tomas Barrios Vera.