En iwwerraschend däitlecht Resultat gouf et tëscht de Cowboys an de Bills an d'Jets krute géint d'Dolphins näischt op d'Rei.

En Donneschdeg den Owend war en Historesche fir d'Ekipp vu Las Vegas. Nach ni, och net zu den Zäiten, wou si nach zu Oakland doheem waren, hunn d'Raiders an enger Partie 63 Punkte gemaach. Grad an der éischter Hallschent ware si géint d'Chargers absolut dominant a si mat engem Avantage vun 42:0 an d'Paus gaangen. Dono hu si e klenge Gang zeréckgeschrauft an hunn an der zweeter Hallschent 21:21 gläich gespillt. De Raiders Quarterback O'Connell huet 20 vu 34 Päss un de Mann bruecht fir 248 Yards a véier Touchdowns. E puer Mol hu si awer och an d'Trickkëscht gegraff an de Reciver Jakobi Meyers huet zwou Passe fir 12 Yards an een Touchdown gehäit.

Eng weider Première gouf et an der Partie vun den Tampa Bay Buccaneers bei de Greenbay Packers. D'Bucs wannen dës Partie mat 34:20, wat awer net de richtegen Highlight war. Et war éischter d'Leeschtung vun hirem Quarterback Baker Mayfield, deen 22 vun 28 Bäll un de Mann bruecht huet, dat fir 381 Yards a véier Touchdowns. Dës Statistik mat 158,3 gëtt am American Football als "perfekt passer rating" beschriwwen. Och wann dëst scho vill Quarterbacker fäerdeg bruecht hunn, ass et nach kengem gelongen, deen als QB vun der Gaaschtekipp am Lambeau Field ugetrueden ass.

E méi speziellt Resultat gouf et dann och tëscht den Jets an den Dolphins. D'Miami huet d'Ekipp aus New York aus dem Stadion geschoss. 30 Punkte sinn den Dolphins gelongen, d'Jets hunn et guer net op d'Tafel gepackt.

D'Resultat tëscht de Cowboys bei de Bills ass dann e bëssen iwwerraschend. D'Cowboys, déi bis ewell just 3 Partie verluer haten, sinn zu Buffalo ënnert d'Rieder komm a verléieren dëse Match mat 31:10.

E Bléck op d'Playoffen

Stand haut hu sech d'Ravens als eenzeg Ekipp an der AFC scho fir d'Playoffs qualifizéiert. D'Dolphins, d'Chiefs, d'Jaguars, d'Browns, d'Bengals an d'Colts wieren aktuell och mat dobäi. Eliminéiert sinn d'Patriots, d'Titans an d'Jets.

An der NFC sinn et d'49ers, d'Eagles an d'Cowboys, déi sécher eng Ronn weider sinn. D'Lions, d'Buccaneers, d'Vikings an d'Rams si gutt am Rennen. Keng Chance méi hunn d'Panthers, d'Cardinals an d'Commanders.

D'Resultater am Iwwerbléck

Chargers - Raiders 21:63
Vikings - Bengals 24:27
Steelers - Colts 13:30
Broncos - Lions 17:42
Falcons - Panthers 7:9
Bears - Browns 17:20
Buccaneers - Packers 34:20
Jets - Dolphins 0:30
Giants - Saints 6:24
Texans - Titans 19:16
Chiefs - Patriots 27:17
49ers - Cardinals 45:29
Commanders - Rams 20:28
Cowboys - Bills 10:31
Ravens - Jaguars 23:7