Et ass e wäite Wee vu Lëtzebuerg bis op d'Weltmeeschterschaft
An deene meeschte Sportaarte steet elo d'Wanterpaus um Programm, ausser am Darts.
Am Alexandra Palace am Norde vu London huet e Freideg déi 31. PDC-Weltmeeschterschaft ugefaangen. 96 Participantë probéieren, bis den 3. Januar Weltmeeschter ze ginn. Bis ewell konnt sech nach ni ee Lëtzebuerger qualifizéieren. Wéi warscheinlech ass dat, datt et eng Kéier mat enger Qualifikatioun fir ee Spiller aus dem Grand-Duché kéint klappen?
Bis dato ass déi Warscheinlechkeet nach relativ kleng, well et ass ee ganz wäite Wee bis dohin. Fir d'éischt muss ee sech nämlech fir déi international Serie vun deene groussen Tournoien, der sougenannter Pro-Tour, qualifizéieren.
Ee Wee fir dohin ass d'PDC Qualifying School, och genannt Q-School, déi all Joer no der WM gespillt gëtt. Doduerch hätt een zwee Joer d'Recht, op der Pro-Tour op deene groussen internationalen Tournoie matzespillen.
Do ukomm, muss ee sou vill wéi méiglech Präisgelder asammelen, fir dann an der PDC-Weltranglëscht ze klammen. Eng Situatioun, déi fir vill Leit aus dem Sport warscheinlech ongewéinlech ass. Dëse Ranking gëtt nämlech opgrond vun all den agespillte Recettë vun de Spiller an engem Kalennerjoer opgestallt.
Déi 32 Bescht aus der Weltranglëscht sinn direkt fir d'WM qualifizéiert. Déi reschtlech Plaze ginn dann iwwert d'Pro-Tour a verschidden Tournoie verdeelt. Dofir muss een awer vill reesen an dat bréngt gewësse Käschte mat sech.
Zu Lëtzebuerg gëtt nieft dem nationale Championnat am Eenzel an an der Ekipp och eng Coupe de Luxembourg gespillt. Donieft si verschidde Lëtzebuerger Darts-Spiller och mat der Nationalekipp op internationalen Turnéieren ënnerwee. Allerdéngs ass dee grousse Coup nach ni sou richteg gelongen.
An deene leschte Jore gouf vill an der Jugend geschafft, fir schonn déi jéngst Darts-Begeeschterter beschtméiglech kënnen ze forméieren. Anescht wéi zum Beispill an Holland, wou et deelweis professionell Darts-Schoule fir Jonker gëtt, ass d'Ausbildung vum Nowuess gréisstendeels Aufgab vun de 17 Lëtzebuerger Clibb oder der Federatioun. FLD gesäit sech selwer awer um richtege Wee.
Doduerch datt ëmmer méi Leit, och duerch d'WM, mat Darts ufänken, klëmmt natierlech och den Niveau. Et däerf een also gespaant sinn, ob dann an Zukunft och eng Kéier ee Lëtzebuerger op der Bün vum Ally Pally wäert spillen.