D'Nationalekipp vum Turnen huet dëst Joer mat e puer Turnerinnen un Internationale Kompetitiounen deelgeholl.

D'Céleste Mordenti ass déi eenzeg Senior-Turnerin aus der Nationalekipp. D'Leescht vun Internationale Kompetitiounen déi hat a senger Karriär scho gemaach huet ass laang. Hatt huet dëst Joer un der Weltmeeschterschaft zu Antwerpen deelgeholl, wou hatt och an enger Final geturnt huet.

Zanter e bëssi méi wéi engem Joer studéiert hatt zu Amsterdam, wou hatt elo dann och an der Woch em déi 30 Stonnen trainéiert. Mam plënneren op Amsterdam huet et och misse mat a Kaf huele seng Traineren hei zu Lëtzebuerg ze verloossen an zu Amsterdam mat neien Traineren ufänken. Dëse Wiessel huet der jonker Sportlerin awer gutt gedoen.

Och bei de Juniore konnten déi eng oder aner Turnerin dëst Joer un hirer éischter Internationaler Kompetitioun deelhuelen. D'Valentina Marochi huet eréischt 12 Joer, mee konnt an den zwou Kompetitiounen am Ausland awer scho mat der Konkurrenz un der Spëtzt mathalen.

Mat nëmmen enger Senior-Turnerin mussen déi zwee Nationaltraineren an den nächste Jore fir Nowuess suergen. Et gëtt awer eréischt 2027, bis dass déi zwou eelsten Turnerinnen aus dem Junior Kader kënnen an d’Senior-Kategorie wiesselen. Dat Joer drop wieren et der dann nach zwee méi.