Och iwwert d'Feierdeeg, zwar e bësse méi verdeelt wéi soss, waren d'Spiller aus dem American Football am Asaz.

Um drëttleschte Spilldag gouf et direkt zwou Spëtzepartien. D'Ravens hu missten op San Francisco reesen, fir do géint 49ers unzetrieden. An d'Ekipp ëm den Lamar Jackson hat e ganz gudden Dag erwëscht. Grad den zweeten an drëtte Véierel, déi si mat 13:7 respektiv 17:0 fir sech decidéiert hunn, sinn duergaangen, fir dës Partie ze gewannen. Et war d'Defense vu de Ravens, déi 49ers Attack permanent ënner Drock gesat huet, zu Feeler gezwongen a Bäll ofgefaangen huet. Domadder hu si et hirer Offense däitlech méi einfach gemaach, fir dës Partie 33:19 ze gewannen.

Ganz anescht ass déi zweet Spëtzepartie tëscht de Cowboys an den Dolphins ofgelaf. Hei war et e richtegen Hin an Hier an enger ganz enker an ëmkämpfter Partie. Do wonnert et dann och net, datt d'Dolphins zwou Sekonne viru Schluss den decisive Fieldgoal getraff hunn an esou aus engem 19:20-Réckstand eng 22:20-Victoire gemaach hunn.

Et war schonn déi 6. Néierlag aus 15 Partië fir d'Chiefs, déi knapp doheem de Raiders ënnerleeë waren. Et war grad d'Defense vun de Gäscht aus Las Vegas, déi iwwerzeege konnt an d'Offensiv-Maschinn vu Kansas City bei zwee Touchdowns konnt halen. Doduerch sinn hinnen zwee Touchdowns an zwee Fieldgoals duergaangen, fir d'Partie 20:14 ze gewannen.

Mat dëser Victoire halen d'Raiders hir Chancen op d'Playoffs nach um Liewen, och wann dëst an de leschten zwou Partie ganz schwéier ka ginn. An hirer Divisioun, der AFC, sinn d'Ravens an d'Dolphins scho sécher qualifizéiert an d'Chiefs, déi duerch d'Néierlag déi fréizäiteg Qualifikatioun verpasst hunn, esou wéi d'Jaguars, d'Browns, d'Bills an d'Colts hunn hei aktuell déi beschte Kaarten.

An der NFC dogéint si scho véier Ekippen (49ers, Eagles, Lions, Cowboys) sécher an d'Buccaneers, d'Rams an d'Seahawks kämpfen nach ëm déi nächste Ronn, dat géint nach fënnef Ekippen, déi sech eng Chance ausrechne kënnen.

D'Resultater am Iwwerbléck

Saints - Rams 22:30
Bengals - Steelers 11:34
Bills - Chargers 24:22
Colts - Falcons 10:29
Packers - Panthers 33:30
Browns - Texans 36:22
Lions - Vikings 30:24
Commanders - Jets 28:30
Seahawks - Titans 20:17
Jaguars - Buccaneers 12:30
Cardinals - Bears 16:27
Cowboys - Dolphins 20:22
Patriots - Broncos 26:23
Raiders - Chiefs 20:14
Giants - Eagles 25:33
Ravens - 49ers 33:19