De Fransous Cyprien Sarrazin huet sech zu Bormio virum Favorit Marco Odermatt aus der Schwäiz behaapt.

De Cyprien Sarrazin huet en Donneschdeg am Schi Alpin d'Descente op der "Stelvio" mat enger Avance vun néng Honnertstel virum Leader am Gesamtweltcup Marco Odermatt gewonnen. Drëtten ass de Kanadier Cameron Alexander ginn. Hien hat e Réckstand vun 1,23 Sekonnen.

2015 hat mam Adrien Théaux fir d'leschte Kéier e Fransous eng Descente am Weltcup (Santa Caterina) gewonnen.

Kee gudden Dag war et fir de Marco Schwarz. Den Éisträicher gouf no enger schwéierer Chute mam Helikopter oftransportéiert. D'Course war minuttelaang ënnerbrach. No der Course sot de Cheftrainer Marko Pfeifer, datt ee vun enger Blessur um Knéi géing ausgoen. En Donneschdeg den Owend koum dunn d'Informatioun, datt de Schwarz d'Kräizband am rietse Knéi gerass huet. Donieft ass och nach de Miniskus ugerass.

Bei den Damme konnt sech d'Michaela Shiffrin am Riseslalom zu Lienz an Éisträich duerchsetzen. No engem extrem staarken éischte Laf, huet si hir Avance am zweeten Duerchgang just nach misse geréieren. Deemno e weideren Erfolleg fir d'US-Amerikanerin, déi 92. Victoire am Weltcup.

D'Federica Brignone huet sech mat engem gudden zweete Laf op déi zweet Plaz no vir geschafft. D'Italienerin hat e Retard vun 38 Honnertstel. Déi drëtt Plaz war fir d'Sara Hector aus Schweden.