Nom Peter Wright ass elo och de Favorit Gerwyn Price bei der Darts-WM fréizäiteg eliminéiert ginn.

En Donneschdeg den Owend huet déi fréier Nummer 1 aus Wales géint den nordireschen Outsider Brendan Dolan a sechs Sätz mat 2:4 de Kierzere gezunn.

De Price huet sech wärend dem Match ze vill onnéideg Feeler geleescht, sou datt den Dolan säin zweete Matchdart genotzt huet, fir sech fir d'Aachtelsfinallen ze qualifizéieren. De Price hat sech schonn d'lescht Joer, wéi en an de Véierelsfinallen um Gabriel Clemens gescheitert war, fréizäiteg bei der WM misse verabschiden.