No senger zweeter Plaz an der Descente huet de Schwäizer e Freideg de Super G zu Bormio gewonnen.

De Marco Odermatt huet e Freideg de Super G op der "Stelvio" zu Bormio dominéiert a mat enger Avance vu bal enger Sekonn gewonnen. Den Éisträicher Raphael Haaser ass deen Zweeten op 0,98 Sekonne ginn. Um Podium stoung nach den Norweger Aleksander Aamodt Kilde. Hien hat e Réckstand vun 1,31 Sekonnen.

Zu Lien an Éisträich huet d'Mikaela Shiffrin de Slalom dominéiert. Schonn am éischte Laf war si eng grouss Avance erausgefuer. Am zweete Laf huet d'US-Amerikanerin hire Virsprong an d'Zil bruecht an huet mat engem Virsprong vun 2,34 Sekonne virum Lena Dürr aus Däitschland gewonnen. Drëtt ass d‘Schwäizerin Michelle Gisin op 2,45 Sekonne ginn.