16 Joer ale Littler steet an de Véierelsfinallen

© AFP
De Luke Littler (16) huet bei der Darts-WM de Generatiounen-Duell géint de Raymond van Barneveld (56) gewonnen.
E Samschdeg den Owend huet de Luke Littler den Hollänner Raymond van Barneveld mat 4:1 geklappt. An der Ronn vun de leschten Aacht kritt de Junior-Weltmeeschter et op Neijoerschdag mam Brendan Dolan ze dinn.
De Littler ass de jéngste Véierelsfinalist an der WM-Geschicht an huet elo schonn e Präisgeld vu 50.000 Pond (ronn 58.000 Euro) sécher. Am Match géint de van Barneveld, deen ëmmerhi 40 Joer méi al ass, huet sech de 16 Joer alen Dartspiller vun Ufank un net beandrocke gelooss vun der Atmosphär am Londoner "Ally Pally".
De jonken Englänner huet mat engem Schnëtt vun 105,06 Punkten an néng 180er iwwerzeegt, an den decisiven Amenter huet hie keng Nerve gewisen an d'Duebelfelder staark getraff. Och vum Sazgewënn vum Hollänner huet hie sech net beandrocke gelooss. Um Enn huet hie sech souverän géint de Weltmeeschter vun 2007 behaapt.
Den zweefache Weltmeeschter Gary Anderson gouf iwwerraschend an den Aachtelsfinallen eliminéiert. "The Flying Scotsman" huet mat 3:4 géint de Brendan Dolan aus Nordirland de Kierzere gezunn. Virun zwee Deeg hat den Dolan schonn den Ex-Weltmeeschter Gerwyn Price eliminéiert.
Den engleschen Darts-Outsider Scott Williams steet och ënnert deene beschten Aacht. Hien huet den Australier Damon Heta kloer mat 4:1 eliminéiert an huet domadder nom Danny Noppert a Martin Schindler schonn deen drëtte gesate Profi eliminéiert.
An der Véierelsfinalle kritt et de Williams mam hollänneschen Top-Spiller Michael van Gerwen ze dinn.
De Rob Cross däerf och nach ëmmer vu sengem zweeten Titel bei der Darts-WM zu London dreemen. Den Englänner huet de Waliser Jonny Clayton souverän mat 4:0 geklappt. An de Véierelsfinalle kritt de Weltmeeschter vun 2018 et mat sengem Landsmann Chris Dobey ze dinn, deen den Titelverdeedeger Michael Smith däitlech mat 4:0 geklappt huet.
Nach mat dobäi ass dann och nach den Dave Chisnall. Hien huet den Daryl Gurney mat 4:2 geklappt. Hie kritt et elo entweder mam Luke Humphries ze dinn. Hien huet an engem enke Match den Joe Cullen mat 4:3 geklapp.
D'Véierelsfinallen an der Iwwersiicht
Chris Dobey v Rob Cross
Luke Littler v Brendan Dolan
Michael van Gerwen v Scott Williams
Humphries v Dave Chisnall