Bei der Darts-WM am Alexandra Palace zu London stinn zanter e Méindeg den Owend déi véier Halleffinaliste fest.

An der éischter Véierelsfinall e Méindeg de Mëtteg kruten d'Spectateuren am "Ally Pally" direkt e richteg spannende Match op allerhéchstem Niveau gebueden. Laang Zäit huet de Chris Dobey als de séchere Gewënner ausgesinn. Hie louch an de Sätz mat 4:0 am Avantage, ier de Rob Cross e Comeback gestart huet, dat wuel fir laang Zäit an de Käpp vun de Leit wäert bleiwen. Um Enn konnt de Cross de Match nämlech nach dréinen a mat 5:4 gewannen.

An der Suite koum et zum Duell tëscht dem Brendan Dolan an dem 16 Joer jonke Luke Littler. De jonken Englänner huet de ganze Match iwwer keen Zweiwel dru gelooss, wien als Gewënner géing ervirkommen. De Jugend-Weltmeeschter gewënnt de Match kloer mat 5:1.

An der Owes-Sessioun koum et an der éischter Partie direkt zu enger fauschtdécker Iwwerraschung. Den dräifache Weltmeeschter Michael van Gerwen war do nämlech mat 3:5 dem Scott Williams ënnerleeën. Fir d'Nummer 52 an der Order of Merit ass dat sécherlech bis elo de gréissten Erfolleg a senger Karriär.

An der leschter Véierelsfinall ass de Luke Humphries senger Favoritteroll géint den Dave Chisnall gerecht ginn. Mat engem 3-Dart-Average vun 103,5 an enger Checkout-Quot vu 40,5% huet hien dem "Chizzy" keng Chance gelooss a mat 5:1 gewonnen.

Den Dënschdeg den Owend sinn et d'Halleffinalle Rob Cross géint Luke Littler a Scott Williams géint Luke Humphries. E Mëttwoch den Owend ass dann d'Finall.