Ravens iwwerrennen Dolphins, Eagles verléiere géint Cardinals

© AFP
An der NFL geet et an déi decisiv Phas virun de Playoffs. 5 Plazen an de Playoffs sinn nach fräi virun dem leschte Spilldag.
Néng Ekippen hunn hir Plaz an de Playoffs schonns sécher. An der AFC sinn dat d'Baltimore Ravens, d'Miami Dolphins, d'Kansas City Chiefs an d'Cleveland Browns. An der NFC hu sech schonns d'San Francisco 49ers, d'Dallas Cowboys, d'Detroit Lions, d'Philadelphia Eagles an d'Los Angeles Rams qualifizéiert.
Fir déi 3 fräi Plazen an der AFC kämpfen nach fënnef Ekippen: d'Jacksonville Jaguars, Buffalo Bills, d'Indianapolis Colts, d'Houston Texans an d'Pittsburgh Steelers.
An der NFC hunn nach d'Tampa Bay Buccaneers, d'Green Bay Packers, d'Seattle Seahawks, d'New Orleans Saints, d'Minnesota Vikings an d'Atlanta Falcons eng Chance op déi zwou fräi Playoff-Plazen.
D'Baltimore Ravens hunn e Sonndeg iwwerdeems och den éischte Seed an der AFC kloer gemaach. Mat enger dominanter Leeschtung hu si d'Miami Dolphins 56:19 iwwerrannt. Den MVP-Kandidat a Star-Quarterback Lamar Jackson wousst mat 5 Touchdown-Passen op en Neits ze iwwerzeegen.
All d'Matcher am Iwwerbléck
New York Jets - Cleveland Browns 20:37
Detroit Lions - Dallas Cowboys 19:20
Miami Dolphins - Baltimore Ravens 19:56
New England Patriots - Buffalo Bills 21:27
Atlanta Falcons - Chicago Bears 17:37
Tennessee Titans - Houston Texans 3:26
Las Vegas Raiders - Indianapolis Colts 20:23
Carolina Panthers - Jacksonville Jaguars 0:26
Los Angeles Rams - New York Giants 26:25
Arizona Cardinals - Philadelphia Eagles 35:31
New Orleans Saints - Tampa Bay Buccaneers 23:13
San Francisco 49ers - Washington Commanders 27:10
Pittsburgh Steelers - Seattle Seahawks 30:23
Los Angeles Chargers - Denver Broncos 9:16
Cincinnati Bengals - Kansas City Chiefs 17:25
Green Bay Packers - Minnesota Vikings 33:10