Luke Littler géint Luke Humphries an der Finall

© AFP
En Dënschdeg konnte sech de 16 Joer jonke Luke Littler an déi nei Nummer 1 vun der Welt Luke Humphries fir d'Finall vun der Darts-WM qualifizéieren.
De Luke Littler huet op en Neits gewisen, datt hien och a sengem jonken Alter zu deene ganz Grousse gehéiert. An der Halleffinall huet hie mat enger impressionnanter Leeschtung de Weltmeeschter vun 2018, de Rob Cross mat 6:2 eliminéiert.
An der zweeter Halleffinall huet de Luke Humphries dem Iwwerraschungshalleffinalist Scott Williams absolut keng Chance gelooss a mat 6:0 gewonnen. Duerch dës Victoire ass de Luke Humphries och elo déi nei Nummer 1 vun der Welt, egal wéi d'Finall ausgeet. Dës gëtt e Mëttwoch den Owend gespillt.