Wellinger verléiert Féierung u Kobayashi

© AFP
Zu Innsbruck war e Mëttwoch dat drëtt Sprange vun der 72. Véierschanzentournée.
Den Andreas Wellinger aus Däitschland huet d'Féierung am General un de Ryoyu Kobayashi verluer. Wärend de Japaner hannert dem Dagesgewënner Jan Hörl Zweete ginn ass, ass de Wellinger net iwwert déi fënneft Plaz erauskomm.
Zu Bischofshofen kënnt et e Samschdeg zum Showdown tëscht béide Sportler. Am General läit de Japaner véier Punkte virum Wellinger.
D'Victoire bei der drëtter Statioun war fir den Éisträicher Jan Hörl, deen no engem Saz op 134 Meter schonn am éischten Duerchgang ee gutt Polster erausgespronge war an d'Victoire mat 127,5 Meter perfekt gemaach huet. Domadder huet den Hörl säi Landsmann Stefan Kraft vun der drëtter Plaz am General verdrängt.
Hannert dem Hörl an dem Kobayashi ass de Michael Hayböck e Mëttwoch nach op de Podium geflunn.