Raphael Calzi an Amaury Raynel verléieren d'Finall am Dubbel

© AFP (Archiv)
De Lëtzebuerger huet sech mat sengem Partner an der Finall an 2 Sätz misse geschloe ginn.
Zu Esch am Nationalen Tenniszenter sinn um Samschdeg d'Finall am Dubbel an d'Halleffinallen am Simpel vun de Luxembourg Open gespillt ginn. Den ITF-Tournoi ass mat 25.000 Dollar dotéiert.
An der Dubbel-Finall hunn de Raphael Calzi an de Fransous Amaury Raynel mat 3:6 an 3:6 géint de Jacob Fearnley an den Alex Rybakov verluer. D'Koppel aus Groussbritannien an Amerika war beim Tournoi zu Esch op der Nummer 1 gesat.
Am Simpel hu sech an den Halleffinallen de Britt Jacob Fearnley an de Jonas Forejtek aus Tschechien duerchgesat.
De Fearnley huet kloer mat 6:0 a 6:4 géint de Yanki Erel aus der Tierkei gewonnen, deen zu Esch op der Nummer 1 gesat war. De Forejtek huet seng Partie och an 2 Sätz mat 6:3 a 6:3 géint de Fransous Clement Chidekh fir sech entscheet.
D'Finall gëtt um Sonnden um 15 Auer gespillt.