Ryoyu Kobayashi wënnt déi 72. Véierschanzentournee

© KERSTIN JOENSSON/AFP
De Japaner gouf am leschte Sprangen zu Bischofshofen den Zweeten an huet sech domadder d'Victoire am Klassement vun der Véierschanzentournee geséchert.
Um Samschdeg war zu Bischofshofen dat 4. a lescht Sprange vun der Véierschanzentournee. Et gouf e richtege Showdown tëscht dem Ryoyu Kobayashi an dem Andreas Wellinger. Virum leschte Sprangen hat de Japaner eng Avance am General vun iwwer 4 Punkten op den Däitschen.
De Kobayashi huet näischt ubrenne gelooss a sech duerch seng zweet Plaz um Enn souverän de General geséchert. Et war den 3. Erfolleg bei der Véierschanzentournee fir de Ryoyu Kobayashi.
Gewonne gouf dat lescht Sprange vum Éisträicher Stefan Kraft. Den Anze Lanisek aus Slowenien huet sech op der 3. Plaz klasséiert. De Wellinger ass op déi 5. Plaz gesprongen.
Nom 1. Duerchgang louch de Kobayashi a Féierung. Hie war 137 Meter wäit gesprongen. De Wellinger hat net de beschte Sprong erwëscht a war no engem Sprong op 132 Meter den 8. am Klassement. Op de Plazen 2 an 3 louchen deen Ament den Éisträicher Stefan Kraft an den Anze Lanisek aus Slowenien.
Am 2. Duerchgang ass de Wellinger 137 Meter wäit gesprongen. Dat war besser wéi den éischte Sprong an hien ass um Enn nach de 5. ginn. De Kraft huet mat 140 Meter e ganz gudde Sprong gewisen. De Kobayashi ass als Leschte gesprongen. Him sinn 139 Meter net duergaangen, fir d'Sprange fir sech ze entscheeden. Hie gouf hannert dem Kraft den Zweeten. D'Victoire am General war him awer net méi ze huelen. De Podium am General gouf vum Wellinger a vum Kraft komplettéiert.