Victoire fir de Marco Odermatt zu Adelboden

© afp
Am Riseslalom huet sech de Schwäizer Lokalmatador bei den Hären duerchgesat. D'Course bei den Damme gouf vum Valérie Grenier gewonnen.
Viru begeeschterte Schwäizer Supporteren huet de Marco Odermatt d'Course dominéiert an hat um Enn eng Avance vun enger Sekonn a 26 Honnertstel op de Norweger Aleksander Aamodt Kilde. Drëtte gouf de Kroat Filip Zubcic mat engem Réckstand vun enger Sekonn a 77 Honnertstel.
Bei den Dammen huet sech d'Valérie Grenier am Riseslalom zu Kranjska Gora d'Victoire geséchert. Et war den 2. Succès am Weltcup fir d'Kanadierin. D'Grenier hat no zwee Duerchgäng e Virsprong vu 37 Honnertstel op d'Lara Gut-Behrami aus der Schwäiz. De Podium gouf vun der Italieenerin Frederica Brignone komplettéiert. Si hat e Retard vun 51 Honnertstel op d'Gewënnerin.
Biathlon
An der Poursuite bei den Häre gouf et zu Oberhof an Däitschland e fënneffachen Erfolleg fir Norwegen. Gewonnen hat no 12,5 Kilometer den Endre Strömsheim, et war säin éischte Succès am Weltcup. Trotz zwee Feeler am Schéisse war hie 17 Sekonnen an 8 Honnertstel méi séier wéi de Sturla Holm Laegreid op der 2. Plaz, dee sech och 2 Feeler geleescht huet. De Johannes Dale-Skjevdal hat op der drëtter Plaz mat engem Feeler am Schéissen e Retard vu 36 Sekonnen a 4 Honnertstel. D'Plaze 4 a 5 ware fir den Tarjei a Johannes Thingnes Bø.
Bei den Dammen haten an der Poursuite zwou Franséisinnen d'Nues vir. D'Julia Simon huet sech zwee Feeler am Schéissen erlaabt a sech trotzdeem virum Justine Braisaz-Bouchet (3 Feeler) duerchgesat. D'Braisaz-Bouchet war knapp 19 Sekonnen hannert der Gewënnerin ukomm. Op déi 3. Plaz koum d'Norwegerin Ingrid Landmark-Tandrevold mat engem Retard vu 44 Sekonnen a 4 Honnertstel. Si hat 2 Feeler geschoss.