Bei den Damme geet d'Schlussvictoire un d'Jessie Diggins.

Tour de Ski

D'Victoire op der 18. Editioun vum Tour de Ski geet bei den Hären un den Harald Östberg Amundsen. Den Norweger huet sech säin éischten Titel op der leschter Etapp vum Tour mat enger 5. Plaz net méi huele gelooss. Hei war et e Sonndeg de Fransous Jules Lapierre, deen am Massestart iwwer 10 Kilometer mat engem knappe Virsprong vun 2,4 Sekonne virum Friedrich Moch aus Däitschland Éischte ginn ass.

Bei den Dammen hat d'Sophia Laukli aus den USA um leschte Massestart iwwer 10 Kilometer nach déi meeschte Kraaft an de Been. Mat enger Avance vu 17.10 Sekonnen op d'Heidi Weng huet si sech hir éischt Weltcup-Victoire zu Val di Fiemme geséchert. D'Schlussvictoire vum Tour de Ski geet un d'Jessie Diggins virum Heidi Weng an dem Kerttu Niskanen. Fir d'US-Amerikanerin ass dat den zweeten Titel.

Schi Alpin

Bei den Damme war e Sonndeg am Slalom zu Kranjska Gora d'Petra Vlhova net ze schloen. No zwee Leef stoung d'Slowakin mat engem Virsprong vun 0.72 Sekonne virum Lena Dürr aus Däitschland a mat 0.87 Sekonne virun der US-Amerikanerin A.J. Hurt. D'Mikaela Shiffrin huet et op Grond vun engem Feeler am éischten Duerchgang net an d'Finall gepackt.

Am Slalom vun den Häre gouf et zu Adelboden eng Victoire fir den Éisträicher Manuel Feller. Mat nëmmen 0.02 Sekonnen huet hie sech knapp virum Norweger Atle Lie McGrath duerchgesat. Den Dominik Raschner komplettéiert de Podium hei mat engem Retard vun 0.23 Sekonnen.