Am Schi Alpin waren d'Hären en Donneschdeg zu Wengen an der Schwäiz gefuerdert.

Bei der éischter vun zwou Descenten am Schi Alpin, op der legendärer Lauberhorn Abfahrt zu Wengen an der Schwäiz, gouf et e Succès fir de Marco Odermatt. Fir de Schwäizer, deen den Ament de Weltcup dominéiert, ass d'Victoire eng Première. Nach ni war et him a senger Karriär gelongen, fir am Weltcup eng Descente ze gewannen.

Nieft dem Schwäizer stoungen och nach de Fransous Cyprien Sarrazin (+0,58 Sekonnen) an den Norweger Aleksander Aamodt Kilde (+0,81 Sekonnen) um Podium.

Biathlon

Am Biathlon gouf et an der Staffel bei den Hären zu Ruhpolding an Däitschland e Succès fir Norwegen virun Däitschland (+45 Sekonnen) an Italien (+58 Sekonnen) op der 3. Plaz.

RTL

© AFP