Traditionell organiséiert d'Schifederatioun zesumme mat der Lasel den zweete Weekend am Januar d'Lëtzebuerger Championnat.

Dat esouwuel am Alpinberäich wéi och am Laanglaf. Wéi schonns déi Jore virdrun ass dëst Championnat nees zu Adelboden an der Schwäiz, wou viru kuerzem nach Courssen am Schi-Weltcup gefuer goufen.

Fir eng kleng Federatioun, wéi d'FLS eng ass, ass dat schonns eng grouss Organisatioun. Déi Lëtzebuerger Delegatioun besteet nämlech aus knapp 200 Leit. Um Freideg ass den Optakt mat enger sougenannte "Vertical Race". Um Samschdeg an um Sonndeg sinn dann d'Championnater an de verschiddenen Disciplinnen.

Am Interview den Eric OSCH vun der FLS

Lëtzebuerg zielt zu den Exoten

Op internationalem Plang zielt Lëtzebuerg sécherlech nach ëmmer zu den Exoten am Schisport. Et muss een awer festhalen, datt am Laanglaf an och am Schi Alpin reegelméisseg Lëtzebuerger bei den Olympesche Wanterspiller mat dobäi sinn. Fir den Eric Osch ass et duerchaus méiglech, och als kleng Natioun an Zukunft mat de grousse Schinatiounen zum Deel matzehalen.

Lëtzebuerger Schichampionnat / Reportage Rich Simon