Zanter 2000 war de Belichick de Coach vun de Patriots an huet mam Quarterback Tom Brady eng Dynastie opgebaut a Geschicht geschriwwen.

Sechs Mol huet hien als Headcoach mat der Ekipp aus Foxborough de Super Bowl gewonnen - an zwee Mol (1986 an 1990) als Assistenztrainer mat den New York Giants - an domadder ass hien, wat d'Titelen ugeet, den erfollegräichsten Trainer an der Geschicht vun der NFL. 24 Saisonen, vun 2000 bis eben 2024, hat hien d'Soen un der Säitelinn vun de Patriots.

An enger Pressekonferenz sot de Bill Belichick, datt hie laang a seriö Gespréicher mam Besëtzer vun der Ekipp, dem Multimilliardär Robert Kraft, gefouert hätt an et wier ee sech eens ginn, datt een an Zukunft getrennte Weeër wäert goen. De Coach huet awer och gesot, datt dëst fir hien en Dag vun der Dankbarkeet a vum Feiere wier. Och vum Owner vun de Pats koumen änlech Téin, well hien zesumme mat senger Famill a mam Belichick e puer vun de schéinste Momenter a sengem Liewe konnt feieren. Fir de Kraft ass kloer, datt elo eng Ära op en Enn geet, déi awer "vu jidderengem an dëser Regioun ëmmer wäert gefeiert ginn." De Belichick wier fir New England eng legendär Sport-Ikon, esou säi fréiere Chef.

Zesumme mat der Quarterback-Legend Tom Brady huet de Belichick den American Football gepräägt a laang dominéiert. 2002, 2004, 2005, 2015, 2017 an 2019 hu si als Duo de Superbowl gewonnen. De Brady huet fir d'Saison 2019/2020 d'Ekipp verlooss a goung op Tampa, wou hien e weideren Titel konnt feieren. Ouni de GOAT haten d'Patriots awer Problemer, un déi erfollegräich Zäiten unzeknäppen. An der aktueller Saison hu si et mat just véier Victoiren aus 17 Partien däitlech net an d'Playoffs gepackt a goufen déi Lescht an hirer Divisioun.

De Belichick ass awer net den eenzege Kult-Trainer, dee säi Posten no dëser Saison raume muss. Och d'Seattle Seahawks hu sech vum Pete Carroll getrennt, mat deem si an de leschte Joren erfollegräiche Football gespillt hunn an eng Kéier de Superbowl mat Heem geholl hunn.

Iwwerdeems de Carroll awer als Beroder bei de Seahawks wäert bleiwen, ass nach net kloer, ob den 71 Joer ale Belichick weider als Coach wäert schaffen a wa jo, wou.

Mëttlerweil ass dann och gewosst, wien de Belichick bei de Patriots ersetzt. D'Wiel ass op de Jerod Mayo gefall. De Mayo huet scho vun 2008 bis 2015 als Linebacker bei de Patriots gespillt a war zanter 2019 ënnert dem Belichick zoustänneg fir den Training an d'Preparatioun vun eben dëser Positioun an der Ekipp.