Ettelbréck wënnt no duebeler Verlängerung, Gréngewald iwwerrascht Walfer

© Shari Schenten
Um Samschde war d'Suite vum 16. Spilldag bei den Hären a vum 14. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.
Hären
No 6 Victoiren noeneen ass d'Serie vun der Arantia Fiels op en Enn gaangen. An eegener Hal huet d'Ekipp vum Trainer Chris Wulff mat 69:77 géint den AB Conter verluer. Dobäi hat d'Lokalekipp e perfekte Start an de Match erwëscht a louch no knapp 7 Minutten 23:7 a Féierung. D'Gäscht hunn sech an dësem enke Match zwee Mol zeréck gekämpft, eng Kéier virun der Paus an eng zweete Kéier am véierte Véierel. Mat engem 15:3-Laf an de leschte 5 Minutten dréint Conter d'Resultat a séchert sech zwee wichteg Punkten am Kampf em d'Plazen am Play-off. 22 Punkte konnt de Greg Milton zur Victoire vu senger Ekipp bäisteieren.
Eng kleng Iwwerraschung gouf et op der Musel wou d'Pikes sech 82:67 géint de Champion Basket Esch behaapten. Stäerkste Spiller war dobäi den Amerikaner Tai Bibbs mat 47 Punkten op Säite vun der Lokalekipp.
Diddeleng setzt sech däitlech mat 111:90 géint Mamer duerch. D'Lokalekipp huet 16 Dräier getraff, de Joshua McFolley huet 34 Punkten zur Victoire bäigesteiert.
Direkt zwou Verlängerunge gouf et tëschent dem Opsteiger Kordall Steelers an der Etzella Ettelbréck. No spannende 50 Minutte setzt sech de Favorit aus dem Norde mat 114:106 duerch. Mat jeeweils 37 Punkten hunn de Philippe Gutenkauf an de Jimmie Taylor déi Ettelbrécker zu dëser Victoire geworf.
Spannend war et och um Gréngewald wou d'Lokalekipp fir eng weider Iwwerraschung op dësem Spilldag suergt a sech mat 98:95 géint Walfer behaapt. D'Gäscht haten a Persoun vum Raul Birenbaum eng Chance sech an d'Verlängerung ze retten, dëse Worf huet d'Zil allerdéngs verfeelt.
Um Freideg hat Steesel 93:76 zu Bartreng gewonn.
Dammen
Bei den Dammen huet sech de Leader GréngewaldHueschtert kloer mat 125:40 géint Zolwer duerchgesat. De Champion bleift des Saison ongeschloen, Zolwer huet nach keng Victoire gefeiert. All 10 Spillerinnen hu bei der Lokalekipp Punkte markéiert.
Méi spannend war de Match tëschent de Musel Pikes an dem Basket Esch. Um Enn setzt sech d'Ekipp aus dem Minett mat 63:61 duerch. D'Gabriela Bronson huet mat 22 Punkten am beschte getraff an dëser Partie.
Wolz setzt sech mat 84:70 géint d'Amicale Steesel duerch an zitt domat och an der Tabell um Géigner laanscht. Mat 22 Punkten an 21 Rebounds huet eng weider Kéier d'Nicole Fransson iwwerzeegt.
Um Freideg hat Bartreng 82:76 géint Conter gewonn.