Um Freideg war den Optakt vum 16. Spilldag bei den Hären a vum 14. Spilldag bei den Dammen an der LBBL.

Zanter den Iwwerschwemmungen am Summer 2021 war de Centre Atert zu Bartreng net méi disponibel. Um Freiden hu béid Ekippe vun der Sparta nees an der Hal gespillt.

Hären

Nodeems de Christophe Flammang säin Trainerposten nom leschte Weekend opginn huet, stoung bei der Sparta de Karl Abou Khali fir déi éischte Kéier an der Verantwortung fir d'Härenekipp. D'Gäscht vu Steesel hu besser an de Match fonnt a louchen nom éischte Véierel 24:15 a Féierung a konnten de Virsprong am Ufank vum zweete Véierel op 18 Punkten ausbauen. Eng staark Reaktioun vun der Lokalekipp huet dofir gesuergt, dass béid Ekippen an der Paus relativ no beienee louchen, Steesel ass mat enger 48:42-Féierung an d'Kabinn gaangen. Am drëtte Véierel huet de Leader aus der Tabell de Match decidéiert, 26 op 7 huet d'Ekipp vum Trainer Daniel Brandao dës 10 Minutte fir sech entscheet, um Enn wannen d'Gäscht mat 93:76. Den Jarvis Williams huet mat 29 Punkten am beschte getraff fir d'Gäscht.

Dammen

E spannende Match mat flotten Aktiounen a séierem Basket hunn d'Zuschauer bei den Damme gesinn. Den AB Conter konnt sech am drëtte Véierel kuerzzäiteg e Virsprong vun 10 Punkten erausspillen an d'Lokalekipp Sparta Bartreng war gefuerdert. D'Ekipp vum Trainer Mike Feyder huet sech allerdéngs net beonrouege gelooss an de Réckstand séier opgeholl. D'Entscheedung ass domat an der Schlussphas gefall, wou der Sparta déi entscheedend Aktioune gegléckt sinn, um Enn wënnt Bartreng mat 82:76. D'Bridget Yoerger konnt mat 20 Punkten, 9 Rebounds an 8 Assists iwwerzeegen.