Bei den Damme konnt sech d'Laura Gut-Behrami am Super G duerchsetzen an am Biathlon vun den Häre gouf et iwwerdeems e kompletten norwegesche Podium.

Schi Alpin

De Manuel Feller huet am Slalom vun den Hären zu Wengen säin drëtte Succès an dësem Wanter gefeiert. Den Éisträicher war no senger Victoire zu Adelboden och e Sonndeg nees de Séiersten. No zwee Duerchgäng stoung fir hie mat engem Virsprong vun 0.10 Sekonnen virum Atle Lie McGrath aus Norwegen déi éischte Plaz fest. De Podium huet den Norweger Henrik Kristoffersen mat engem Retard vun 0.21 Sekonne komplettéiert.

Bei den Damme gouf et am Super G zu Zauchensee eng Schwäizer Victoire. D'Lara Gut-Behrami konnt béid Éisträicherinne Cornelia Hütter an d'Mirjam Puchner mat engem Ecart vun 0.25 an 0.26 Sekonnen hannert sech loossen.

Biathlon

E kompletten norwegesche Podium ass et e Sonndeg an der Poursuite zu Ruhpolding bei den Häre ginn. De séierste Leefer war mat zwee Feeler de Johannes Dale-Skjevdal, deen 1.70 Sekonne Virsprong op de Vetle Sjåstad Christiansen an 2.40 Sekonne virum Weltcup-Leader Johannes Thingnes Bø iwwert d'Arrivée gefuer ass.

Bei der Poursuite vun den Dammen zu Ruhpolding huet sech d'Lisa Vittozzi d'Victoire geséchert. Op der Arrivée konnt sech d'Italienerin ganz knapp mat engem Ecart vun 0.70 Sekonne virun der Norwegerin Ingrid Landmark Tandrevold duerchsetzen. Déi drëtt Plaz ass mat engem Retard vun 9.10 Sekonnnen un d'Juni Arnekleiv aus Norwegen gaangen.

Schisprangen

Am japanesche Sapporo gouf et bei den Dammen eng Victoire fir d'Lokalmatadorin Yuki Ito, dat sech mat am Ganzen 230.10 Punkte virum Katharina Schmid aus Däitschland (224.00 Pkt.) an dem Nika Kriznar aus Slowenien (218.20) behaapte konnt.