40 Joer Triathlon zu Lëtzebuerg
An engem Shoppingzenter zu Bartreng gëtt d'FLTRI en Abléck an d'Aktivitéiten an d'Performancen, déi am Zäitraum vu 40 Joer realiséiert goufen.
E Film, eng Ausstellung an eng Broschür vum Pierre Gricius goufen heifir realiséiert. Nieft de 40 Joer Triathlon, ginn och déi 20 Joer Existenz vun der Federatioun gefeiert. De Michel Knepper war den éischte President. 20 Joer laang waren d'Triathleten ënnert de Fittiche vun der Liichtathletikfederatioun. Eng Rei vu Fervente vun Ausdauerleeschtungen, ronderëm de Raymond Behm an de Charel Bradtké, haten 1984 d'Iddi fir den Triathlon zu Lëtzebuerg ze praktizéieren.
No 4 Joer um Stauséi, koum den Triathlon op den Iechternacher Séi, an do ass d'Popularitéit an d'Luucht geschoss. 10.000 Spectateuren hu materlieft wéi d'Rita an de Christian Krombach, d'Mamm an de Jong, 2 Joer hannerteneen, allebéid Champion goufen.
1992 gouf eng grouss europäesch ETU Kompetitioun organiséiert, an dat Joer drop souguer d'Europameeschterschaft, dat war den eréischt 3. Triathlon vum Nancy Kemp Arendt. 7 Joer duerno hat déi aussergewéinlech Sportlerin, mat enger remarkabeler 10. Plaz op den Olympesche Spiller zu Sydney, e Schlussstréch ënnert hir erfollegräich Karriäre gezunn.
Duerno stoung d'Liz May an der Fënster, mat enger 17. Plaz op den Olympesche Spiller zu Athen, an engem Titel vun der Vize-Europameeschterin.
Den Dirk Bockel huet de wichtegsten a gréissten europäeschen Ironman zu Roth gewonnen, a gouf 4. zu Hawaii. Den Dan Dethier, ass hei locker als 1. Master ukomm, wärenddeem aner Konkurrenten op de Knéien iwwert d'Linn gekroch sinn.
Och um Wämper Séi krut den Triathlon Traditioun. Duathlonen, Power- an Ironman si wéi Champignonen aus dem Buedem gewuess. Besonnesch den Aquathlon ass eng international Successstory ginn.
D'Jugendaarbecht ënnert dem President Christian Krombach huet Friichte gedroen. D'Mara Krombach gouf Jugendeuropameeschterin, d'Schwëster Linda an den David Lang beweege sech an dem Europäesche Jugendberäich am Top 5.
Mat der Presenz vun der Europameeschterin, der Neilëtzebuergerin Jeanne Lehair, konnt eng kompetitiv Mixed Staffel opgebaut ginn, an déi jonk Leit hu positiv Virbiller. Et schéint keen Äis um Wee an d'Zukunft ze leien.