E Sonndeg steet déi 21. Editioun vum internationale Meeting an der Coque um Programm.

Ënnert all deenen internationale Medaile-Gewënner, déi um Meeting deelhuelen, sinn och 5 Studenteweltmeeschteren. Ënnert hinnen ass mam Patrizia van der Weken eng Lëtzebuergerin. D'Sportlerin vum Joer hat jo um éischte Meeting vun der Wantersaison Ufank Januar en neien nationale Rekord iwwert 60 a 50 Meter opgestallt. D'lescht Joer hat d'Athletin vum CAPA déi éischt Plaz um internationale Meeting erreecht, a vu que dass d'Athletin sech an der Tëschenzäit staark verbessert huet, kann ee gespaant sinn, wat e Sonnden alles dran ass. Fir de Bob Bertemes ass den internationale Meeting e Sonnden den éischte fir dës Saison. De Lëtzebuerger ass zouversiichtlech fir d'Competitioun am Bommstoussen. Fir d'Qualifikatiounsnorm fir d'Olympesch Spiller zu Paräis am Wanter ze erreechen, dat ass keng Prioritéit. Seng Positioun am Ranking gëtt dem Bob eng gewësse Sécherheet.

D'Victoria Rausch hat am Géigendeel zum leschte Joer e méi komplizéierte Start an d'Saison. Eng Verletzung huet d'Entwécklung gebremst.

Och d'Charline Mathias, de Vivien Henz an de Francois Graillet muss een am A behalen.

D'Liichtathletikfederatioun huet als Ambitioun fir ënnert déi 10 bescht Meetingen an Europa ze kommen. Aktuell ass de Meeting op der Positioun 14. Et wäert sech jiddefalls lounen, fir e Sonndeg de Nomëtteg an d'Coque ze kommen. Alternativ kann de Meeting och am Stream op RTL.lu suivéiert ginn.