Am Schi Alpin war de Fransous och um Samschdeg net ze schloen, a gewënnt no e Freideg och déi zweet Descente zu Kitzbühel.

Op de legendärer Streif iwwer 3,3 Kilometer huet de Fransous op enger äiseger Pist am Zil 0,91 Sekonne Virsprong op de Schwäizer Marco Odermatt. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir den Italieener Dominik Paris (+1,44 Sekonnen). Et war iwwerdeems och déi leschte Course fir den Däitschen Thomas Dreßen. De Gewënner vun 2018 zitt e Schlussstréch ënnert seng Karriär.

Bei den Dammen huet d'Schwedin Sara Hector de Riseslalom zu Jasna an der Slowakei gewonnen. D'Mikaela Shiffrin koum mat engem Retard vun enger Sekonn an 52 Honnertstel op déi zweet Plaz. De Podium gouf vum Alice Robinson aus Neiséiland komplettéiert. Si ass no 2 Duerchgäng 2 Sekonnen an 71 Honnertstel hannert der Gewënnerin ukomm. Fir d'Petra Vlhova war et eng batter Course. No enger Chute huet d'Slowakin sech verschidde Bänner am Knéi gerass a kann dës Saison keng Coursë méi fueren.

Biathlon

Um Samschdeg de Moie stoung am Biathlon Single-Mixed-Staffel um Programm. Hei gouf et eng Victoire fir Däitschland fir déi d'Vanessa Voigt an de Justus Strelow ugetruede sinn. Déi zwee kennen sech virun Norwegen (Ingrid Landmark Tandrevold an d' Vetle Sjastad Christiansen)an Éisträich mam Lisa Theresa Hauser an dem Simon Eder duerchsetzen.

An der Mixed-Staffel gouf et am Nomëtteg eng Victoire fir Norwegen. Op d'Plazen zwee an dräi klasséiere sech Italien a Schweden.

Schisprangen

Zu Zakopane a Polen stoung um Samschdeg d'Teamsprangen um Programm. Hei konnt sech de Favorit Éisträich viru Slowenien duerchsetzen. Slowenien hunn no 8 Spreng an 2 Duerchgäng um Enn 32,7 Punkten op d'Victoire gefeelt. Déi drëtte Plaz um Podium ass fir Däitschland.