Bei den Häre kenne sech ënnert anerem den Alexander Zverev an de Carlos Alcaraz fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren.

D'Polin Iga Swiatek, aktuell Nummer 1 an der Damme Weltranglëscht, konnt d'Australian Open bis elo nach ni gewannen. An och 2024 muss d'Iga Swiatek fréizäiteg d'Heemrees untrieden. Trotz Sazféierung verléiert déi véierfach Grand-Slam-Gewënnerin mat 6:3, 3:6 a 4:6 géint déi 19 Joer jonk Tschechin Linda Noskova.

D'Sloane Stephens zitt iwwerdeems mat 7:6 (10:8), 1:6 a 4:6 géint d'Anna Kalinskaya de Kierzeren. Net mei dobäi ass och d'Jelena Ostapenko. D'Lettin muss sech dem Victoria Azarenka geschloe ginn.

Bei den Hären huet den Alexander Zverev dem US-Amerikaner Alex Michelsen beim 6:2, 7:6 a 6:2 keng Chance gelooss a steet genau esou wéi de Carlos Alcaraz an den Daniil Medwedew an den Aachtelsfinalle vun den Australian Open. Iwwerraschend ënnert deene beschte 16 steet och den 21-jonken Arthur Cazaux. De Fransous, deen duerch eng Wildcard am Haapttableau vum éischte Grand-Slam vum Joer stoung, spillt an der 1/8-Finall géint den Hubert Hurkacz.

Den Norweger Casper Ruud muss sech dogéint mat 4:6, 7:6, 4:6 an 3:6 géint de Brit Cameron Norrie geschloe ginn.