Tornado gewënnt auswäerts zu Champigny an der D3

© Val Wagner / RTL Archivbild
Tornado gewënnt säin éischte Match am neien Joer héich mat 8:1 beim Tabelleleschten zu Champigny.
Nodeems Tornado an der LHL senger Leaderpositioun mat klore Victoire géint Hurricanes, Grand Ducs a Puckers Lëtzebuerg gerecht ginn ass, huet d'Ekipp vun der Kockelscheier seng zweet Plaz an der D3 verdeedegt an zu Champigny mat 3 Goler vu Leonard a jeeweils engem vu Cannon, Holodkovs, Thomas, Maurer an Öorni eng kloer 8:1-Victoire erausgespillt. Tornado ass elo 3 Punkte virum Tabellendrëtten Évry 2.
Châlons ass no hirer Victoire e Samschdeg géingt Metz elo mat 30 Punkten erëm 7 Punkte virun Tornado.
En Donneschdeg den 25. Januar spillt Tornado nach säi Réckmatch an der LHL géint Grand Ducs an hunn dann de Weekend spillfräi an der D3, ier et e Samschdeg den 3. Februar doheem op Kockelscheier géint den HC Metz weidergeet.