Dem Patrizia van der Weken ass eng Weltbeschtleeschtung gelongen. D'Sportlerin vum Joer ass d'60 Meter an enger Zäit vu 7 Sekonnen a 9 Honnertstel gelaf.

De Bob Bertemes huet den internationale Liichtathletik Meeting gewonnen a sech och fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert. Hien huet d'Bomm an der Coque 21 Meter an 71 Zentimeter wäit gestouss. Op déi 2. Plaz koum de Bosnier Mesud Pezer. De Portugis Tsanko Arnaudov huet sech op der 3. Plaz klasséiert.

De Bob Bertemes no senger Victoire am Interview

An de Virleef iwwer 60 Meter ass d'Patrizia van der Weken och en neien nationale a gläichzäiteg en neie Meeting-Rekord gelaf. An enger Zäit vu 7 Sekonnen an 11 Honnertstel ass d'Sprinterin 6 Honnertstel ënner hirem eegene Rekord bliwwen, deen si Ufank Januar an der Coque gelaf war.

D'Finall huet d'Lëtzebuergerin an enger Zäit vu 7 Sekonnen an 9 Honnertstel gewonnen an de nationalen an de Meeting-Rekord ëm zwou weider Honnertstel verbessert. Et war souguer eng Weltbeschtleeschtung. well iwwer 60 Meter ass am Joer 2024 op der Welt nach kee méi séier gelaf wéi d'Sportlerin vum Joer.

D'Patrizia Van der Weken no der Finall um RTL-Mikro
RTL

© Jana Peters

An der Finall iwwer 60 Meter Hecken ass dem Victoria Rausch en neien nationale Rekord gelongen. D'Lëtzebuergerin ass an enger Zäit vun 8 Sekonnen a 16 Honnertstel iwwer d'Arrivée gelaf an huet sech op der 5. Plaz klasséiert. Gewonne gouf d'Course vum Amber Hughes an enger Zäit vu 7 Sekonnen a 96 Honnertstel.

D'Victoria Rausch weist sech no hirem Rekord zefridden

De François Grailet ass iwwer 60 Meter och an d'Finall komm an huet sech do an enger Zäit vun 8 Sekonnen an enger Honnertstel op der 8. Plaz klasséiert. De Belsch Elie Bacari huet d'Finall gewonnen. Hien huet fir déi kuerz Distanz 7 Sekonnen an 62 Honnertstel gebraucht.

De François Graillet no der Finall

D'Charline Mathias ass d'800 Meter an enger Zäit vun 2 Minutten 3 Sekonnen an 80 Honnertstel gelaf an huet domadder eng nei Lëtzebuerger Beschtzäit realiséiert. An der Course, déi vun der Kenianerin Naomi Korir (2 Minutten 2 Sekonnen an 79 Honnertstel) gewonne gouf, ass d'Mathias op der 4. Plaz ukomm.

D'Charline Mathias iwwert hiren neien nationale Rekord

Iwwer 1500 Meter huet de Vivien Henz eng Zäit vun 3 Minutten 43 Sekonnen an 20 Honnertstel realiséiert an ass an der Finall de 5. ginn. Déi 1. Plaz huet sech den Isaac Nader aus Portugal geséchert. Hien ass no 3 Minutten 37 Sekonnen an 80 Honnertstel ukomm.

De Vivien Henz no der Course am Interview

Iwwer 200 Meter bei den Hären an am Wäitsprong bei den Damme goufen et och nei Meeting-Rekorder. Den Albert Komanski ass d'200 Meter an 20 Sekonnen a 77 Honnertstel gelaf. D'Bulgarin Plamena Mitkova ass 6 Meter a 40 Zentimeter wäit gesprongen.