Am Slalom zu Jasna an der Slowakei huet sech d'Amerikanerin op en Neits duerchgesat. Am Biathlon hunn d'Norweger de Massestart zu Antholz dominéiert.

D'Mikaela Shiffrin hat no 2 Duerchgäng eng knapp Avance vu 14 Honnertstel op déi jonk Kroatin Zrinka Ljutic. Hannendrun ass d'Schwedin Anna Swenn-Larsson op déi 3. Plaz gefuer. Si hat e Réckstand vun 81 Honnertstel.

Bei den Häre gouf och e Slalom zu Kitzbühl an Éisträich gefuer. Hei huet den Däitsche Linus Straßer säi 4. Succès am Weltcup gefeiert. An enger ganz spannender Course hat hien um Enn eng Avance vu 14 Honnertstel op de Schwed Kristoffer Jakobsen. De Schwäizer Daniel Yule hat op der 3. Plaz e Réckstand vun 20 Honnertstel.

Biathlon
Zu Antholz an Italien hunn d'Norweger am Massestart nees eng excellent Ekippeleeschtung gewisen. 5 Norweger louchen um Enn op den éischte sechs Plazen. De Vetle Sjästad Christiansen huet kee Feeler geschoss a sech d'Victoire geséchert. Zweete gouf de Johannes Dale-Skjevdal mat 2 Feeler am Schéissen an engem Retard vu knapp 11 Sekonnen. De Podium gouf vum Vebjörn Sörum komplettéiert. Hien huet eng Scheif net getraff an ass 14 Sekonnen hannert dem Gewënner ukomm.

D'Franséisin Julia Simon huet sech bei den Dammen duerchgesat. Am Schéissen huet d'Simon ee Feeler geschoss, hat awer e Virsprong vu knapp 9 Sekonnen op d'Lou Jeanmonnot och aus Frankräich. D'Jeanmonnot hat sech kee Feeler am Schéisse geleescht. D'Lena Häcki-Groß aus der Schwäiz koum mat engem Retard vun iwwer 20 Sekonnen an engem Feeler am Schéissen op déi 3. Plaz.

Schisprangen

Zu Zakopane a Polen huet de Stefan Kraft seng 37. Victoire am Weltcup gefeiert. Den Éisträicher hat um Enn eng Avance vu 4,5 Punkten op den Däitschen Andreas Wellinger. Nëmmen en hallwe Punkt manner wéi de Wellinger hat de Slowen Anze Lanisek op der drëtter Plaz.