Zverev klappt Alcaraz a steet an den Halleffinallen

© AFP
Bei den Häre steet och den Novak Djokovic an den Halleffinallen. Hie wëll säi 25. Grand Slam gewannen.
Beim éischte Grand-Slam-Tournoi vum Joer sinn d'Halleffinalle komplett. Als leschte Spiller huet sech e Mëttwoch am Nomëtteg den Alexander Zverev qualifizéiert. Den Tennis-Olympiagewënner huet sech no enger staarker Leeschtung mat 6:1, 6:3, 6:7 (2:7) a 6:4 géint d'Nummer 2 op der Welt Carlos Alcaraz behaapt. Fir den Zverev war et am eelefte Match déi éischt Victoire géint de Spuenier. Den Däitsche kritt et e Freideg an der Halleffinall mam Russ Daniil Medwedew ze dinn. De Medwedew hat sech a sengem 100. Grand-Slam-Match e Mëttwoch géint den op Positioun néng gesate Pol Hubert Hurkacz a ronn véier Stonne mat 7:6 (7:4), 2:6, 6:3, 5:7 a 6:4 duerchgesat.
An der zweeter Halleffinall bei den Häre sti sech den Novak Djokovic an de Jannik Sinner géintiwwer. De 36 Joer ale Serb hat sech an enger héichklasseger Véierelsfinall bei den Australian Open mat 7:6 (7:3), 4:6, 6:2 a 6:3 géint den US-Amerikaner Taylor Fritz behaapt. Fir den Djokovic ass et déi 48. Grand-Slam-Halleffinall. Den Italiener Jannik Sinner hat sech mat 6:4, 7:6 (7:5) a 6:3 géint de Russ Andrej Rublew duerchgesat. Fir de Sinner ass et déi zweet Major-Halleffinall a senger Karriär no Wimbledon 2023.
Virgezunne Finall bei den Dammen
D'US-Open-Gewënnerin Coco Gauff kritt et an der Halleffinall mat der Titelverdeedegerin Aryna Sabalenka ze dinn. Déi 19 Joer al US-Amerikanerin Gauff hat en Dënschdeg no iwwer dräi Stonne mat 7:6 (8:6), 6:7 (3:7) a 6:2 géint déi net gesat Ukrainerin Marta Kostjuk gewonnen, et war hir 12. Victoire bei engem Grand Slam noeneen. D'Sabalenka hat iwwerdeems keng Probleemer mat der Nummer 11 op der Welt Barbora Krejcikova. Si huet sech souverän mat 6:2 a 6:3 géint d'Tschechin behaapt.
An der zweeter Halleffinall sti sech d'Ukrainerin Dayana Yastremska an d'Chinesin Qinwen Zheng géintiwwer. D'Ukrainerin ass déi éischt Qualifikantin zanter 46 Joer déi an den Halleffinallen zu Melbourne steet. Déi 23 Joer al Spillerin huet sech an der Véierelsfinall mat 6:3 a 6:4 géint déi net-gesaten Tschechin Linda Noskova behaapt. D'Noskova hat an der 3. Ronn iwwerraschend d'Nummer 1 op der Welt Iga Swiatek eliminéiert. D'Chinesin Zheng steet genee wéi d'Yastremska déi éischte Kéier an den Halleffinalle vun engem Grand Slam. Si hat sech mat 6:7 (4:7), 6:3 a 6:1 géint d'Russin Anna Kalinskaya duerchgesat. Och si war net gesat bei den Australian Open.