An der Halleffinall war domadder ënnert anerem Schluss fir déi aktuell Nummer 1 vun der Tennis Weltranglëscht Novak Djokovic.

De Jannik Sinner huet dem Serb Novak Djokovic keng Chance gelooss a steet an der Finall vun den Australian Open am Tennis. An der Halleffinall huet de jonken Italiener d'Nummer 1 vun der Welt a 4 Sätz (6:1; 6:2; 6:7 a 6:3) op impressionnant Aart a Weis geklappt. De Serb wollt u sech säin 11. Titel zu Melbourne gewannen.

An der Finall zu Melbourne trëfft de Véierten an der Weltranglëscht Jannik Sinner op de Russ Daniil Medwedew (ATP-3). Hien huet sech an engem Fënnefsaz-Krimi mat 7:5, 6:3, 6:7 (4:7), 6:7 (5:7) an 3:6 géint den Alexander Zverev behaapt.

Den Däitschen hat sech déi éischt zwee Sätz geséchert an huet duerno de Match aus der Hand ginn.

De Jannik Sinner huet bis ewell nach kee Grand Slam gewonnen, den Daniil Medwedew huet 2021 d'US Open gewonnen.