Bei schwieregen Wandverhältnisser ass den Éisträicher am wäitste gesprongen. Am Schi Alpin gouf et iwwerraschend Victoiren.

Den Éisträicher Stefan Kraft kréint sech eng éischt Kéier zum Schifluchweltmeeschter. Bei schwierege Wandverhältnisser "am Kulm" zu Bad Mitterndorf an Éisträich goufen et just dräi, amplaz vu véier Duerchgäng. An engem Krimi huet de Kraft de Leader Timi Zajc am leschten Duerchgang nach ofgefaangen. Den neie Weltmeeschter war am leschten Duerchgang 228 Meter wäit gesprongen, wärend de Zajc just op 209,5 Meter koum. Mat dësem Resultat ass de Sloween souguer nach hannert den Däitschen Andreas Wellinger zeréckgefall a koum schlussendlech op déi drëtt Plaz.

Bei den Damme goung d'Victoire un d'Eva Pinkelnig (269,30 Punkten) aus Éisträich, déi méi Punkte sammele konnt wéi d'Leaderin am Weltcup, d'Nika Prevc. Der Sloweenin hu bei hirem Heemsprangen zu Ljubno just 6,8 Punkten op d'Gewënnerin gefeelt. Weider um Podium stoung d'Kanadierin Alexandria Loutitt (252,90 Punkten). D'Yuki Ito, déi Zweet am Weltcup ass, huet sech mat der véierter Plaz mussen zefridde ginn.

Am Schi Alpin huet den Nils Allegre iwwerraschend de Super-G zu Garmisch-Partenkirchen gewonnen. De Fransous war 18 Honnertselsekone méi séier wéi de Guglielmio Bosca (Italien) an eng Véierelssekonn (0,25 Sek.) méi séier wéi Loïc Meillard aus der Schwäiz. Mam Marco Odermatt huet e weidere Schwäizer de Podium mat 0,28 Sekonne Réckstand sou just verpasst, sou wéi och de Cyprien Sarrazin, deen um Enn just 10. gouf.

De Frae-Weltcup zu Cortina d'Ampezzo war nees vu ville Stierz gepräägt. D'Descente gouf vun der Norweegerin Ragnhild Mohwinckel (1:33,50) gewonnen, dat virun der Amerikanerin Jaqueline Wiles (+ 0,35 Sekonnen) an der Italieenerin Sofia Goggia (+ 0,44).