Am Kader vum Euro Meet goufen d'Olympesch Spiller vun der franséischer Ambassade virgestallt. D'Zuschauer hu staark Performancë vun de Lëtzebuerger gesinn.

Den zweeten Dag vum Euro Meet an der Coque war nees gutt besicht. 600 Schwëmmer a Schwëmmerinnen aus 25 Länner si bis e Sonndeg am Asaz. Ënnert hinnen eng Rei Superstaren.

Um Samschdeg waren ënner anerem d'Lëtzebuerger Remy Fabiani a Finn Kemp am Asaz. De Fabiani ass op 50 Meter Crawl op déi 6. Plaz komm a louch just 13 Honnertstel vun der Qualifikatiounszäit fir d'Olympesch Spiller ewech. Dat ass villverspriechend, well et nach fréi an der Saison ass.

De Finn Kemp ass aus den USA ugereest an huet et an d'A-Finall vu senger Paradedisziplin, den 200 Meter Brasse, gepackt. De Finalist vun der Juniorweltmeeschterschaft huet eng exzellent Performance gewisen a gouf um Enn Fënneften.

Dem Maud Allard ass e Samschdeg de Moie mat 33,75 Sekonnen en neien nationale Rekord iwwer 50 Meter Brasse gelongen. Dat goung duer, fir an d'B-Finall ze kommen an do déi 9. Plaz ze beleeën.

Och déi international Schwëmmstare wéi Sarah Soeström oder David Popovici hu staark Performancë gewisen.

Hei fannt Dir d'Resultater vum 2. Dag.